
9 Residente vun 10 schätzen d’wirtschaftlech Situatioun zu Lëtzebuerg als gutt an. D’Ekonomie op EU-Niveau gesi just nach knapp 60% der Meenung, se wär gutt. D’Moyenne an den Europäesche Memberlänner läit souguer just bei 49%.
Dat geet aus der Eurobarometer-Enquête vun der Europäescher Kommissioun ervir, déi am Hierscht zejoert realiséiert gouf. Hir berufflech a finanziell Situatioun empfannen d’Bierger am Land allgemeng als gutt. Suerge bereet hinnen allerdéngs op nationalem Niveau de Logement an déi héich Liewenskäschten, grad esou wéi de Klimawandel.
D’Immigratioun, de Klimawandel, déi ëffentlech Finanze vun de Memberlänner an d’Ëmwelt sinn an den Ae vun de befrote Bierger zu Lëtzebuerg déi gréisst Problemer, mat deenen d'EU konfrontéiert ass. ¾ vun de Residente sinn awer och der Meenung, datt d’Immigranten dem Grand-Duché vill bréngen. D’Moyenne vun der EU läit hei bei 52%. Allgemeng geséichen d’Awunner zu Lëtzebuerg d’EU als ganz positiv, erkläert den Tommy Klein vun TNS Ilres.
Mir profitéieren hei vun de Valeuren, mir profitéiere vun de Virdeeler, mir gesi se als modern, als demokratesch. Mir gesi se och gewësserweis, dass se eng wirtschaftlech Stabilitéit assuréieren, déi mer och hei zu Lëtzebuerg liewen. D.h. allgemeng besteet e groussen Optimismus, wat d’Zukunft ugeet an och allgemeng aktuell sinn d’Leit héich zefridde mat der europäescher Unioun.
An eisen Nopeschlänner ass den Image vun der EU méi verhalen: An der Belsch hu just 40% vun de Residenten e positiivt Bild vun der europäescher Unioun. A Frankräich sinn et souguer nëmme 36%. Awer ëmmerhi ronn d’Halschecht vun de Bierger an der EU hu Vertrauen an d’europäesch Institutiounen. Wougéint an der Moyenne nëmme 34% hiren nationale Regierungen a Parlamenter vertrauen.
Dësen Ënnerscheed erkläert sech d'Yuriko Backes, Chefin vun der Representatioun vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg, doduerch, datt ee beméit wär, op d'Suerge vun de Leit anzegoen.
Mir sinn och ganz engagéiert, fir mam Bierger am konstanten Dialog ze sinn, ob dat elo via Biergerdialogen ass, ob dat via Konsultatiounen ass, dass mer de Bierger esou vill wéi méiglech mat abannen, dass mer wëssen, wat mengt hien a wéi kënne mer drop reagéieren, datt mer eng Plus-Value hunn op europäeschem Niveau.
Zu Lëtzebuerg iwwerdeems ass d’Confiance an d'Institutioune wuel zréckgaangen. Ma ëmmerhin 68% vun de befrote Bierger hunn éischter Vertrauen an d’Regierung. A 56% an d’Chamber.
Wat de Green Deal ugeet, geséichen d'Leit zu Lëtzebuerg an an der EU gär 3 Axë prioritär abordéiert: D’Lutte géint de Plastik-Offall, d’Entwécklung vun erneierbaren Energien an d’Ënnerstëtzung vun de Landwirten.
Um soziale Plang si méi wéi 80% vun de Bierger an der EU fir e Mindestloun, fir Mesurë fir de Jugendchômage ze bekämpfen. Ausserdeem schwätzt déi grouss Majoritéit sech fir méi Chancegläichheet tëscht Mann a Fra op der Aarbecht aus, fir méi strikt Normen an de Beräicher Klimaschutz, Ëmwelt an Aarbecht. 79% vun de Bierger an der EU gesinn Desinformatioun a fake News als Gefor fir d’Demokratie.