ChamberkommissiounLoyersspigel kéint hëllefen, d'Haussë bei de Loyeren ze bremsen

Maxime Gillen
An ënnert anerem ëm de Problem vun ze héije Loyeren ass och en Donneschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert ginn.
© Pixabay

Loyersspigel géint ze héich Präisser / Vum Maxime Gillen

De Liser huet den Deputéierten en Iwwerbléck ginn iwwert déi verschidde Mesuren, déi an deem Kader am Ausland geholl goufen. Dorënner e sougenannte "Loyersspigel", wou festgehale gëtt, wéi héich de Loyer an der Moyenne an enger bestëmmter Géigend ass.

Esou kéint de potentielle Locataire besser informéiert op Wunnengssich goen an et wier méi schwéier fir Proprietären, fir iwwerdeiert Loyeren ze froen. An deem Kader misst een och eng Analys maachen, wéi wäit Co- a Souslocatiounen de Präis eventuell an d'Luucht dreiwen. Dacks géif de Locataire vu Wunngemeinschaften insgesamt méi Loyer gefrot ginn, wéi ee soss fir den Immeubel kéint froen, esou den CSV-Deputéierte Marc Lies. "Dofir sinn dat fir mech zwee Marchéen an déi zwee Marchéë muss een analyséieren. Dat kéint beispillsweis goen iwwert eng Analys iwwert de Registre national des personnes physiques, wou ee gesäit wien ass Constituant de ménage a wéi vill Personnes non apparentées sinn do an da stellt een da fest, wéi sech déi Wunneng zesummesetzt. An doriwwer eraus, kann een dann analyséieren, wat de Präis vun där Wunneng ass."

Fir z'evitéieren, dass d'Loyerspräisser disproportionéiert an d'Luucht ginn, gëtt et zu Lëtzebuerg schonn eng legal Brems, déi seet, dass de Loyer net méi héich däerf sinn, wéi 5 Prozent vun der Investitioun vum Proprietär. Ob déi Reegel allerdéngs ëmmer agehale gëtt, ass net kloer, sou den DP-Deputéierte Max Hahn.

"Et ka jo net sinn, dass de sees, mir hunn e Plaffong, dee mir op 5 Prozent setzen an e gëtt net kontrolléiert. Da muss du dir d'Moyenne ginn, fir ze kucken, fir deen ze kontrolléieren. A wann dat iwwerschratt gëtt, da musse Penalitéite fléissen, wéi d'Gesetz dat ebe virgesäit."

De Max Hahn ass iwwerzeegt, dass stéchproufaarteg Kontrolle vill bewierke kéinten. Eleng d'Angscht virun esou enger Kontroll kéint en ofschreckenden Effekt hunn.

Eng Mesure, déi och kuerzfristeg ëmzesetze wier, wier iwwerdeems déi fir d'Commissions locatives an de Gemengen ze stäerken, esou d'Deputéiert vun déi Gréng Semiray Ahmedova.

"Zum Beispill, wann e Locataire fënnt, dass säi Loyer ze héich ass, aus dem Bauchgefill oder wann en Annoncë vergläicht, kann en op d'Gemeng goen a froen, wéi déi Loyerskommissioun dat gesäit."

Den Inneministère, zesumme mam Logementsministère, géifen d'Gemengen och dobäi ënnerstëtzen dës Kommissiounen ze stäerken, esou nach déi gréng Deputéiert. Ausserdeem géif d'Regierung aktuell och un enger Reform vun der 5-Prozent-Reegel schaffen.

Back to Top
CIM LOGO