OuschterweekendLuese Start an d'Touristesaison

RTL Lëtzebuerg
Den LCTO huet zënter dem leschten Donneschden eng 250 Leit gezielt, déi sech an hirem Infozenter berode loossen oder eng Visitt gebucht hunn.
Ouschterweekend
Den LCTO huet zënter dem leschten Donneschden eng 250 Leit gezielt déi sech an hirem Infozenter berode goufen, oder eng Visitt gebucht hunn.

An normalen Zäite wären op esou engem Weekend tëscht 1.000 an 1.200 Clientë bei hinne laanschtkomm, seet den Direkter. Wat opfält ass, datt elo vill Residenten d'Stad entdecken oder nei entdecken. Ronn een Drëttel vun de Clientë wieren den Ament Leit, di am Land wunnen.

Zenter dem Ufank vun der Pandemie, also zënter gutt engem Joer, ass den Tourismus massiv agebrach. Et wier ee bei 15 bis 20 Prozent vun den Zuelen am Verglach mat 2019.

Den Ament bitt de Stater Tourismusverband d'Visitten a 4 verschiddene Sproochen un. De Wenzel Tour, de Vauban Tour an d'City Promenade sinn d'Klassiker. Ganz beléift bei Familljen virop an der Ouschtervakanz ass d'City Promenade fir Kanner.

Ongedëlleg waart een op e Retour an d'Normalitéit an et hofft een, datt d'Branche vu Péngschten un nees méi optimistesch kann an d'Zukunft kucken.

Back to Top
CIM LOGO