Besoin fir weider MaschinnenLuxair chartert eng Embraer 190 vun German Airways

RTL Lëtzebuerg
Dës Maschinn mat 100 Plaze soll virun allem bei Business-Flich an den Asaz kommen.
© Luxair

Trotz de Repercussioune vun der Pandemie op den Tourissem-Secteur huet d’Luxair en urgente Besoin, fir seng Capacitéiten op Laangstreckevollen an d’Luucht ze setzen. Duerfir geet déi aktuell Flott vun den 19 Maschinnen net duer.

Déi national Airline geet en neie Schrëtt a lount duerfir bei German Airways eng Embraer 190, déi virun allem soll op Business-Linnen an den Asaz kommen.

Dës Leasing-Iwwergangsléisung gëllt fir déi Zäit, wou d’Luxair hir eege Capacitéit opstockt a selwer nei Fligere keeft. Den Embraer Fliger mat sengen 100 Plaze wäert vu Mëtt Mee u bei der Luxair an den Asaz kommen. Reagéiere wëll een domat och op d’Zuel vu Reservatioune fir d’Summersaison, déi um Klammen ass.

Déi geleast Maschinn flitt mam Logo an an de Faarwe vun der Luxair, och d’Cockpit- an d’Kabinne-Crew, déi weider fir German Airways wäert schaffen, gëtt am Kader vun dësem “wet lease"-Kontrakt iwwerholl a wäert d’Maschinn weider operéieren.

D’Charter-Gesellschaft German Airways ass hannert der Lufthansa déi zweet gréisst däitsch Airline a verléint 5 Embraer Fligeren un aner Fluchgesellschaften. D’Maschinnen hunn an der Moyenne ronn 15 Joer Joer Fluchzäit hannert sech.

Fannt hei de ganzen Artikel

Back to Top
CIM LOGO