Wéinst technesche ProblemerLuxair-Maschinn huet um Wee op Malaga missen ëmdréien a landen

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch sollt eng Maschinn vum Findel op Malaga fléien, wéi an der Loft zu engem technesche Problem koum.
Dëst ass e Symbolbild
© Emile Mentz (Archivbild)

De Vol LG 661 sollt e Mëttwoch am Nomëtteg vu Lëtzebuerg an dat spuenescht Malaga fléien. Wéinst engem technesche Problem wärend dem Fluch, gouf decidéiert, dass et besser wier, dass d’Boeing 737-700 vun der Luxair Demi-Tour mécht. D’Maschinn ass, wéi aus dem Schreiwes ervirgeet, sécher nees um Findel gelant. Wéi et weider heescht, wieren d’Passagéier wärend där ganzer Zäit vum Kapitän an der Crew informéiert ginn. En Ersatzfluch mat engem anere Fliger gouf preparéiert, deen méi spéit am Dag d’Leit op Malaga sollt fléien.

Sicht een nom Vol LG 661, konnt ee feststellen, dass dëse kuerz no 19 Auer fortgeflunn ass. De Réckfluch vu Malaga zeréck op Lëtzebuerg - LG 662 - ass fir en Donneschdeg am Virmëtteg geplangt.

Op der Héicht vum franséische Reims huet d'Maschinn Demi-Tour gemaach.
Op der Héicht vum franséische Reims huet d’Maschinn Demi-Tour gemaach.
© Screenshot vu Flightradar

D’betraffe Cliente goufe souwuel hei am Land, wéi och zu Malaga betreit. Luxair entschëllegt sech dann och fir de Virfall a seet de Passagéier Merci fir d’Versteesdemech.

Schreiwes vu Luxair

Back to Top
CIM LOGO