Fluch op ParäisLuxair-Maschinn muss wéinst technesche Problemer nees landen

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Mëtteg huet eng Maschinn vun der Luxair missten Demi-Tour maachen, nodeems et beim Start een technesche Problem gouf.
© RTL Archiv / David Steichen

De Problem war e puer Minutten nom Start bei engem Fuerwierk opgetrueden, ee vun den zwee Pneue war geplatzt. De Fluch LG8013, deen u sech mat ronn 50 Leit op Paräis hätt solle fléien, ass fir e puer Minutten iwwer Lëtzebuerg geflunn, ier e rëm um Findel gelant ass.

Um Findel hunn, wéi et dem Protokoll an esou Situatiounen entsprécht, schonn d’Pompjeeën op de Fliger gewaart. De Fliger konnt allerdéngs ouni Problemer landen. D’Passagéier goufe mat Busser nees zeréck un de Flughafe bruecht. Si ware virdrun och vum Pilot iwwert de Virfall informéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO