Kaméidi vu Concerten um KierchbiergLydie Polfer ënnersträicht, datt d'Nuetsrou muss respektéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
Wéinst Kaméidi vu Concerten um Kierchbierg goufen et leschte Weekend eng ganz Partie Reklamatiounen.
© Archivblid

Um traditionelle CityBreakfast vun der Stad Lëtzebuerg huet d’Stater Buergermeeschtesch an deem Kontext ënnerstrach, datt d’Nuetsrou misst respektéiert ginn.

City Breakfast/Reportage Claudia Kollwelter

Och wann d’Evenementer um Terrain vum Fonds du Kirchberg wieren, géif de Kierchbierg awer, genee wéi de Rescht vun der Stad, ënner d’Autoritéit vun der Gemeng falen. D’Zäiten, wéi laang e Concert dierf sinn, bräichten eng Autorisatioun vun der Buergermeeschtesch, huet d’Lydie Polfer ënnerstrach.

E Concert ass ganz flott, mee et kann net sinn, datt an enger Woch 5 Concerten hannertenee sinn op der nämmlechter Plaz a bis an d’Nuecht eran. Si mussen d’Nuetsrou respektéieren. No 22 Auer kann net nach mat vollem Bass dobausse Musek gemaach ginn.

D’Nuetsrou misst vun elo un do respektéiert ginn, mat der Ausnam vun Nationalfeierdag zum Beispill. De Kaméidi vun der Plaz um Kierchbierg hannert der Coque géif vill Noperschafte betreffen.

De ganze Kierchbierg, de ganze Weimeschhaff, Weimeschkierch, bis op Dummeldeng erof. Et ass héich an et ass fräi.

Et wier der Stater Buergermeeschtesch no eng Fro vu wéi dacks sou Evenementer wieren a wéi laang se daueren. Déi nächst Deeg ass iwwerdeems e Festival genee op där Plaz. D’Lydie Polfer huet betount, datt nach e Mëttwoch mat den Organisateure geschwat géif ginn a si nächst Woch Rendez-vous mam Fonds du Kirchberg hätt.

Back to Top
CIM LOGO