Police melltMann bei Aarbechtsaccident zu Mensder schwéier blesséiert
En Aarbechter war an der rue Strachen zu Mensder e Freideg de Moien op enger Schantje ronn 4 Meter an d'Déift gefall.
De schwéier blesséierte Mann koum an d’Spidol, et besteet awer keng Liewensgefor, esou d’Informatioun vun der Police.
D’ITM gouf op d’Plaz geruff, fir d’Ëmstänn vum Accident ze klären.