Brutalen IwwerfallMann geet Fra no an iwwerfält si an hirem Doheem

RTL Lëtzebuerg
Géint 17.00 Auer en Dënschdeg den Owend war en onbekannte Mann enger Foussgängerin zu Sandweiler an der Rue de Remich bis bei hir Hausdier nogaangen.
© Police

Wéi déi eeler Fra doheem ukomm war, hat dee jonke Mann sech virun hir Hausdier gestallt. D’Fra hat d’Dier doropshin opgemaach, fir ze kucken, ob alles an der Rei wier. Dës Geleeënheet hat de Mann genotzt, fir sech Zougang zum Haus ze verschafen an der Fra zwou gëlle Kette vum Hals ze rappen. Duerno ass hie fortgelaf.

D’Fra steet ënner Schock. D’Police huet eng Plainte entgéintgeholl an d’Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO