Malaise net ausgeschlossMann gëtt vun Auto ugestouss a stierft

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Mëtteg huet zu Diddeleng en 89 Joer ale Mann d'Bewosstsinn verluer an ass dunn op d'Strooss gefall.

Et gëtt ugeholl, dass de Mann e Malaise gemaach huet. Kuerz drop huet en Automobilist, deen amgaange war, aus der Parkplaz erauszefueren, d'Persoun um Buedem iwwersinn a se mat sengem Gefier ze pake kritt.

Passanten a Secouristen hunn nach éischt Hëllef op der Plaz geleescht, ma den 89 Joer ale Mann ass awer am Spidol gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO