
Wéi d'Police op der Plaz ukoum, war de Mann schonns verschwonnen. D'Beamte konnten dunn och verhënneren, dass de Mann nach eemol zeréckkomm ass. Wéi sech dunn erausgestallt huet, ass de Mann, dee relativ ausser sech war, mat der Fra, déi attackéiert gouf, bestuet. De Mann huet de Beamte géigeniwwer gesot, dass näischt geschitt wier. D'Koppel koum mat op de Policebüro.
De Parquet huet ordonnéiert, de Mann festzehuelen. En Dënschdeg de Moien huet hie sech virum Untersuchungsriichter misse veräntwerten. Am Uschloss koum de Mann an Untersuchungshaft.