D'Police sicht no ZeienMann klëmmt op A13 aus dem Auto a gräift zum Baseballschléier

RTL Lëtzebuerg
Géint 13.15 Auer d'leschte Freideg haten 2 Automobilisten sech op der A13 an Direktioun Esch an d'Hoer kritt.

De Chauffer vun engem grénge Mercedes hat hei eppes aus der Fënster geheit. Doropshin hat de Chauffer vun engem Seat, deen hannert him gefuer war, him geblénkt. Duerno hat den zweete Chauffer de Mercedes iwwerholl an de Fuerer vun dësem mat Handzeeche beleidegt.

Doropshi war de Chauffer vum Mercedes nees virun de Seat gefuer an hat probéiert, dësen auszebremsen. Béid Gefierer ware schliisslech kuerz hannert dem Tunnel Markusbierg op der Pannespuer stoe bliwwen. De Chauffer vum Mercedes war hei aus sengem Auto geklommen an hat mat engem Baseballschléier op de Seat ageschloen. De Fuerer vum Seat war doropshin am Auto bliwwen an hat d’Police geruff. Den Ugräifer war schliisslech fortgefuer.

Bei him soll et sech ëm e Mann am Alter tëscht 30 a 35 Joer gehandelt hunn. Hie soll ongeféier 1 Meter 80 grouss gewiescht sinn a schwaarz Hoer gehat hunn. Hien hätt “südlännesch” ausgesinn. Bei sengem Auto soll et sech ëm e relativ neien, grénge Mercedes “Kombi” - méiglecherweis eng C-Klass aus dem Joer 2018 - gehandelt hunn. D’Nummereschëld huet mat “FK-570" ugefaangen an den Auto war am Departement 57 ugemellt.

Eventuell Zeie vum Tëschefall si gebieden, sech beim Policekommissariat Réimech/Munneref ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 70 1000 oder via d’Mailadress “police.remichmondorf@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO