
Wéi en do erauskoum hat eng Employée de Mann zur Ried gestallt. Hien hat eng Staang Zigaretten am Grapp. Déi hat d’Fra him dunn ofgeholl an wéi si dunn nach dem Mann säi Rucksak wollt kontrolléieren, huet dee si widder e Regal gedréckt an ass fortgelaf.
Wéi d’Policebeamten de Mann méi spéit gepëtzt haten, huet sech erausgestallt, dass am Rucksak eng Rei Wäertsaache waren, déi hien aus de Posche vun den Employéeë vum Buttek geklaut hat. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl.
Zu Märel op der Place Joseph Thorn ass en Onbekannte géint 3.30 Auer duerch d’Fënster vun enger Entréesdier vun engem Buttek geklommen an huet eng Rei Géigestänn geklaut.