Koum an d'PsychiatrieMann schéisst zu Ierpeldeng-Sauer mat Schreckschosspistoul ëm sech

RTL Lëtzebuerg
Zu Ierpeldeng-Sauer gouf der Police e Sonndeg den Owend spéit gemellt, dass an der Géigend e puer Schëss ze héiere waren.
© RTL Archiv

Eng Patrull vun der Police ass, nodeems d'Schëss gemellt goufen, direkt op d'Plaz gefuer. No weideren Ermëttlungen konnten d'Beamten eng verdächteg Persoun an enger Wirtschaft zu Ettelbréck lokaliséieren.

Beim Duerchsiche vum Rucksak vum Verdächtegen konnt eng Schreckschosspistoul, d'Munitioun fir dës Pistoul an zwee Klappmesser séchergestallt ginn.

Op Uerder vum Parquet koum de Mann kuerz drop an déi geschlosse Psychiatrie komm.

Back to Top
CIM LOGO