Vignetten an der BelschKeng Ausnam fir Lëtzebuerger, esou de wallounesche Mobilitéitsminister

Pierre Jans
De wallouneschen Mobilitéitsminister ass kloer: D'Vignette fir déi belsch Stroossen ass weder e Witz nach eng Schnapsiddi.
Vignette an der Belsch kënnt, och fir d'Automobilisten aus dem Grand-Duché
Et gi keng Ausname bei der Vignette gemaach, confirméiert de wallounesche Mobilitéitsminister François Desquesnes.

Fir mam Auto an d‘Belsch ze fueren, brauch een vum nächste Fréijoer un eng Vignette. Esou wéi et se an der Schwäiz zum Beispill, oder och an Éisträich scho gëtt. Mä dohi fueren d‘Lëtzebuerger jo net esou dacks ewéi an d‘Belsch, wou si dacks just eppes akafen oder iesse ginn.

Et ginn Zweiwelen, ob d‘Aféierung vun der Vignette op EU-Niveau d‘Strooss hält, mä dovu loosse se sech déi aner Säit net beandrocken. De Pierre Jans war op Namur.

Nee, d‘Vignette ass weder e Witz nach eng Schnapsiddie. De François Desquesnes, wallounesche Mobilitéitsminister, seet ganz kloer: "Et gëtt en Accord tëscht de Regiounen Bréissel, Flandern a Wallounien. Vum 1. Mee 2027 kënnt eng Auto-Vignette um ganze regionalen Autobunnen- a Stroossereseau."

De Projet de loi gëtt vum belsche Staatsrot ënnert d‘Lupp geholl. An den respektive Parlamenter hunn déi regional Regierungen eng Majoritéit am Réck. Déi belsch Zentralregierung huet beim Stroossereseau keen Afloss. Obwuel och vu Lëtzebuerger Säit ugezweiwelt gëtt, ob d‘belsch Vignette rechtens wär.

De Prezedenzfall vun 2019 am Hannerkapp: déi deemoleg däitsch Bundesregierung wollt Maut-Gesetz duerchboxen. Däitsch Automobiliste wären entschiedegt ginn, wärend der mat auslännesche Placken hätte misse blechen. Den Europäesche Geriichtshaff sot: sou net. De François Desquesnes erkläert, dass steierlech Erliichterungen, déi fir d‘Belsch wuel kommen, kee Lien hätten mat der Vignette.

Nenne mer et clever: d'Belsch ginn op anerer Plaz entlaascht, mussen awer d'Vignette och kafen. Et si fir d'Regioune Suen, déi dréngend gebraucht géife ginn.

"Et geet drëms, den Autobunnen- a Stroossereseau an der Belsch ze verbesseren. Deen ass vereelzt a brauch Entretien. Mir mussen investéieren. Mir hunn e bëssen gekuckt, wéi dat an Europa soss esou gemaach gëtt. An Éisträich kascht eng Vignette fir ee Joer 106 Euro. An der Präiskategorie leie mir och", esou de wallounesche Mobilitéitsminister.

100 Euro kascht d‘Vignette fir ee Joer an der Belsch op de ronn 16.000 Kilometer Autobunn a Regionalstrooss fueren ze dierfen. Dem EU-Recht mussen och Dages- a Wochen-Ticketen agefouert ginn. Een Dag kascht 9 Euro.

Nee, fir d‘Lëtzebuerger Automobilisten gëtt et keng Ausnam. Also Jo, et brauch een och eng Vignette fir just iwwer d‘Autobunn an den Ikea ze fueren.

"Déi Kameraen, déi d'Vignette kontrolléieren, ginn et schonn. Et ginn der iwwerall an der Belsch fir den Trafic ze observéieren. Et kommen der nach bäi. An all déi Kamerae ginn dann un de System ugeschloss, fir d‘Vignetten ze kontrolléieren."

Kleng Landstroosse si fräi. Dat heescht iwwer d'Dierfer kennt een och am Mee 2027 nach fir näischt eriwwer. An e puer Stonnen op d'Belsch Plage awer net méi. Mä wie wär net frou, wann de Belag op der belscher Autobunn besser wär. Är Stoussdämpfer wäerte Merci soen.

Back to Top
CIM LOGO