Den US-Verdeedegungsminister Pete Hegseth huet de Prozess ëm eng méiglech Amtsenthiewung schaarf verurteelt. A senger éischter Pressekonferenz zanter sechs Méint huet hie vun engem "Schau-Prozess géint de President a säi Krichsminister" geschwat. Et wier "eng Farce" an e "politescht Spektakel".
De republikaneschen Deputéierten aus dem Kongress Thomas Massie hat e Méindeg am Representantenhaus eng Demande fir e sougenannten Impeachment agereecht. Schonn e Mëttwoch kéint déi Kummer vum Kongress doriwwer ofstëmmen. D'Demokraten ënnerstëtzen d'Prozedur vum Massie, dee Kritiker ass vum President Donald Trump.
De Chef vum Pentagon steet no der Perte vun de Republikaner bei de Midterms wéinst dem Krich am Iran staark ënner Drock. Hie gëtt sech selwer dogéint eng Bonne note a mengt, e "gudden Job" gemaach ze hunn. Den Hegseth huet seng ëmstridde Féierung am Iran-Krich an och déi déidlech Attacken op presuméiert Drogeschmuggler an der Karibik an am Ostpazifik verdeedegt.
Fir eng Amtsenthiewung ginn et der US-Verfassung no e puer Hürden. Stëmmt d'Representantenhaus mat enger Majoritéit dofir, géing eng sougenannt Impeachment-Prozedur am Senat ufänken. Do wieren dann eng Zweedrëttelmajoritéit néideg, fir den Hegseth aus sengem Amt ze votéieren. Dëse gesäit sech awer a gudder Gesellschaft. De Pentagonchef huet drop verwisen, dass zwou där Prozedure géint de President an deem senger éischter Amtszäit net erfollegräich waren.