D'Luxembourg Air Rescue (LAR) huet déi lescht Woch direkt dräi Präisser gewonnen. Um Global Forum vun der International Assistance Group zu Istanbul gouf den LAR an de Kategorië "Qualitéit" a "Medezinesch Assistenz-Kooperatioun" ausgezeechent. Mam zweetgenannte Präis wier besonnesch hir "professionell Aarbecht, déi am Mee am Kader vum Transport vu Patiente mam Hantavirus geleescht gouf", geéiert ginn.
Donieft gouf d'Lëtzebuerger Air Rescue fir déi drëtt Kéier als bescht Ambulanzfluchgesellschaft ausgezeechent. No 2016 an 2024 éiert den International Travel & Health Insurance Journal ITIJ d'LAR nach emol fir hir "Leeschtunge bei Innovatioun, Fortschrëtt a positiver Entwécklung am Beräich vun de Patienteréckféierungen".
Bewäert goufen ënnert anerem d'Virubrénge vun Technologien, d'Nohaltegkeet, d'Aus- a Weiderbildung an de Service um Client.
Fir den LAR-Grënner a President René Closter géingen d'Auszeechnunge weisen, datt sech "aus bescheidenen Ufäng eng vun den héchst qualifizéierte Rettungsfluchgesellschafte vun der Welt entwéckelt" hätt.