
Den OGBL an d'Direktioun vu C&A Lëtzebuerg hunn en neie Kollektivvertrag fir zwee Joer ënnerschriwwen. Dovunner profitéieren iwwer 80 Mataarbechter.
Zu de wichtegste Verbesserunge gehéieren Iessbongen am Wäert vun 8 Euro zënter September 2026, méi Congésdeeg fir verschidde Mataarbechter an 16 Stonne Sozialcongé pro Joer.
Och d'Déngschtalterprimme ginn erhéicht: 500 Euro no 30 Déngschtjoren an 800 Euro beim Pensiounsantrëtt. Sonndes- a Feierdeegsaarbecht soll nëmmen nach am géigesäitegen Accord stattfannen.
Den OGBL begréisst den Accord als e wichtege Fortschrëtt fir d'Aarbechtskonditiounen.