
De fir e Mëttwoch annoncéierte Generalstreik a Spuenien wäert Auswierkungen hunn op den internationale Fluchverkéier. Luxair réit dowéinst hire Passagéier a Spuenien, op d'mannst dräi Stonne virum Depart um Fluchhafen ze sinn. Leit, déi um Findel a Richtung Spuenien fortfléien, och mat Zäiten do ze sinn a sech op eventuell Retarden anzestellen.
E schlëmme Stuerm mat Wandspëtzte bis 120 Kilometer an der Stonn ass ënnerwee a Richtung Portugal. Dowéinst wäerten e Mëttwoch op ville Plaze Schoulen an Administratiounen zou bliwwen. Jiddereen dee kann, soll doheem bleiwen, esou den Appell vum Inneminister Neves. An 8 Bezierker vum Land, dorënner d‘Haaptstad Lissabon, gëllt eng Alerte rouge.
D'Passagéier, déi den 11. November mat der Luxair a Portugal oder vun do op Lëtzebuerg wëlle fléien, si gebieden, de Status vun hire respektive Vollen ze verifiéieren, éiert si sech op de Wee a Richtung Fluchhafe maachen. Retarden, Modifikatiounen oder Annulatioune si méiglech.
Donieft deelt déi national Fluchgesellschaft mat, dass si d'Situatioune genee observéiert a versicht, sou vill wéi méiglech Perturbatiounen z'evitéieren an dee beschtméigleche Service ze garantéieren. All concernéiert Luxair- a Luxairtours-Cliente wäerte bei Changementer kontaktéiert ginn iwwert déi Donnéeën, déi si bei der Reservatioun hannerluecht hunn.