De Marc, den Numm gouf vun der Redaktioun geännert, war mam Auto ënnerwee, wéi hien en Uruff vun enger ënnerdréckter Nummer krut.
Wéi hien den Telefon opgeholl huet, huet sech d'Persoun um aneren Enn als Mataarbechter vu LuxTrust ausginn. Si huet hie gewarnt, datt eng verdächteg Iwwerweisung vu 750 Euro a Rumänien vu sengem Bankkonto géing goen. D'Sécherheetsekipp hätt sech dofir bei him gemellt, fir d'Transaktioun ze verhënneren.
Besuergt iwwer d'Situatioun blouf de Marc déi nächst zwee Deeg a Kontakt mat de Brigangen, déi hien e puermol ugeruff hunn. Si hunn him erkläert, hie misst eng Prozedur duerchgoen, fir déi verdächteg Iwwerweisung ze annuléieren a seng Bankkaarten ze spären.
Am Laf vun dëse Gespréicher huet de Marc Passwierder a verschidde perséinlech Donnéeë weiderginn. Per E-Mail krut hie QR-Coden geschéckt, déi hie sollt scannen an iwwer seng LuxTrust-App confirméieren.
De vermeintleche LuxTrust-Mataarbechter huet him duerno gesot, e Courrier géif kommen, fir seng Bank- a Visa-Kaarten ofzehuelen. Per E-Mail an Telefon krut de Marc d'Instruktioun, e Formulaire auszefëllen an d'Kaarten an eng Enveloppe ze leeën.
Kuerz drop koum tatsächlech e Mann laanscht an huet d'Kaarte matgeholl.
Den Dag drop krut de Marc weider Uriff vun där selwechter Persoun. Si huet behaapt, et wier nach ëmmer net gelongen, seng Kaarten ze spären. De Marc sollt dofir nach weider Instruktioune befollegen.
Méi spéit deen Dag koum en neien Uruff. Dës Kéier war et awer dem Marc seng richteg Bank. Si huet him matgedeelt, datt vun all senge béide Kaarte 5.000 Euro ofgebucht gi waren. Insgesamt hat hien also 10.000 Euro verluer.
De Marc ass direkt bei seng Bank gaangen an huet eng Plainte bei der Police gemaach. Trotz senger séierer Reaktioun ass nach net gewosst, ob hien d'Suen zeréckkritt.

Dem Marc säi Fall ass keen Eenzelfall.
Am Oktober goufen der Police 66 Bedruchsfäll gemellt, bei deenen ënner anerem falsch Uriff, E-Mailen an SMSen am Spill waren. No engem relativ rouege Summer huelen dës Forme vu Bedruch nees zou.
D'Krimineller ginn dobäi als bekannte Firmen oder Organisatiounen aus, dorënner LuxTrust a Wero, déi nei Bezuelplattform, déi Payconiq zu Lëtzebuerg ersat huet.
Och d'Assurance AXA huet dëse Mount hir Clienten per E-Mail virun Trick-Noriichte gewarnt, déi am Numm vun der Versécherung verschéckt ginn.
AXA réit hire Clienten, net op verdächteg Linken ze klicken an d'Firma direkt ze kontaktéieren, wa si sech net sécher sinn, ob eng Noriicht wierklech vun der Assurance kënnt.

Der Police no fänkt et a ville Fäll mat enger Cyberattack op eng Firma, eng Onlineplattform oder eng aner Organisatioun un, där mir eis perséinlech Donnéeën uvertraut hunn.
Bei esou Attacke kënne grouss Quantitéite vu perséinlechen Donnéeën an déi falsch Hänn geroden. Dozou gehéieren Nimm, Telefonsnummeren, E-Mail-Adressen, Wunnadressen an a verschiddene Fäll souguer Bankkontosnummeren.
Dës Informatioune kënnen duerno ënner Kriminelle kaf a verkaf a fir verschidde Forme vu Bedruch benotzt ginn.
Beim Telefonsbedruch kafe Krimineller zum Beispill Dausende vun Telefonsnummeren, fir potenziell Affer ze kontaktéieren. Eng heefeg Method besteet doran, massiv vill falsch SMSen ze verschécken, an deenen e Link op eng gefälschte Websäit steet.
D'Zil ass et, d'Leit dozou ze bréngen, op de Link ze klicken an hir perséinlech Donnéeën anzeginn.
Wann d'Brigangen dës Informatiounen hunn, kënne si hir Affer per Telefon kontaktéieren. Well si schonn eng Rei perséinlech Detailer kennen, wierkt den Uruff méi glafwierdeg.
Heiansdo kënnt esou en Uruff eréischt e puer Deeg no der éischter Noriicht. Zu deem Zäitpunkt huet d'Affer eventuell scho vergiess, datt et virdrun op e verdächtege Link geklickt hat.
D'Krimineller kënne sech da beispillsweis als Mataarbechter vun enger Bank oder enger anerer vertrauenswierdeger Organisatioun ausginn. Si behaapten, déi perséinlech Donnéeë vum Affer wieren duerch de Klick op de verdächtege Link kompromittéiert ginn.
Am Glawen, gehollef ze kréien, ginn d'Affer da méiglecherweis nach méi perséinlech Informatiounen oder Bankdaten eraus. Esou kënnen déi Kriminell schlussendlech Zougang zu hire Sue kréien.

Et gëtt ëmmer méi schwéier ze verhënneren, datt perséinlech Informatiounen, virun allem Telefonsnummeren an E-Mail-Adressen, an déi falsch Hänn geroden.
Mir ginn dës Donnéeë reegelméisseg un, zum Beispill wa mir eis op Onlineplattformen umellen oder um Internet akafen.
Trotzdeem ginn et e puer Virsiichtsmoossnamen, mat deenen ee de Risiko reduzéiere kann.
Beim Online-Shopping réit d'Police zum Beispill dozou, wa méiglech als Gaascht ze bestellen. Esou muss een net onbedéngt e Kont uleeën a vermeit et, méi perséinlech Donnéeën ze späicheren ewéi néideg.
Virun allem ënnersträicht d'Police awer eng Grondreegel: Ni op e verdächtege Link klicken, ouni virdrun ze kontrolléieren, vu wiem e kënnt. A keng Passwierder, PIN-Coden oder Sécherheetscoden iwwer den Telefon weiderginn.
Eng Bank wäert hir Clienten ni um Telefon dozou opfuerderen, hire PIN oder hir Sécherheetscoden ze verroden, betount d'Police.

Wann een op e verdächtege Link geklickt a perséinlech Donnéeën aginn huet, soll een direkt seng Bank kontaktéieren. Et soll een erklären, wat geschitt ass a kontrolléiere loossen, ob et verdächteg Transaktiounen oder Versich gouf, op de Kont zouzegräifen.
Och an den Deeg duerno soll ee besonnesch virsiichteg sinn. Et kënne weider falsch Uriff, E-Mailen oder Messagen nokommen, bei deenen d'Brigange sech zum Beispill als Bank oder eng aner vertrauenswierdeg Organisatioun ausginn.
Op esou Kontakter soll een net reagéieren. Wann ee sech net sécher ass, ob en Uruff oder eng Noriicht echt ass, soll een déi betraffen Organisatioun selwer iwwer hir offiziell Kontaktdonnéeën kontaktéieren.
Wann ee scho Suen duerch e Bedruch verluer huet, soll een direkt seng Bank kontaktéieren. Jee no Situatioun kann et nach méiglech sinn, eng Transaktioun ze stoppen oder d'Suen zeréckzekréien.
Donieft soll een eng Plainte bei der Police maachen. Si kann de Fall ermëttelen a probéieren, déi Responsabel ze identifizéieren.