
Wéi de Mann d’Beamten erbléckt huet, huet dëse sech probéiert vun hinnen ze distanzéieren. Bei der Kontroll vum Mann, sinn der Police staark Schléckbeweegungen opgefall. Et war dovunner auszegoen, dass de Verdächtegen Droge kuerz virdrun séier ofgeschléckt huet an ass dohier och mat op de Policebüro geholl ginn, wou de Parquet kontaktéiert gouf.
Spéider gouf bei der medezinescher Ënnersichung festgestallt ginn, dass effektiv 25 Friemkierper am Bauch vum Mann louchen. Dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.
E Freideg de Mueren koum et zu engem Déifstall an engem Geschäft zu Ettelbréck, méi genee an der Grand-Rue. Wéi enger Mataarbechterin opgefall ass, dass geklaut géif ginn, huet déi d’Entréesdier zougespaart, fir den Täter zur Ried ze stellen. Dësen ass der Fra géigeniwwer gewalttäteg ginn an d’Dier zerstéiert, fir kënne fortzelafen. Ma den Déif ass net all ze wäit komm, d’Police konnt hien virum Geschäft festhuelen, dat wärend deem hie sech hefteg gewiert huet. Och hie koum e Samschdeg virun den Untersuchungsriichter.
Dat goufen et nach zwee Arbréch an Haiser, dat eemol zu Hamm an eemol zu Diddeleng. A béide Fäll lafen Ermëttlungen säitens der Police.
Kuerz no 2 Auer e Samschdeg de Moie huet d’Police dann nach e Chauffeur an der Stad ugehalen, dee vill ze séier ënnerwee war. Den Alkoholtest war positiv, de Permis gouf agezunn. 2 weider Permise goufen nach zu Mamer an nach eemol an der Stad saiséiert.