Portugisesch MedienMann vu Lëtzebuerg bei Porto festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
An der Gemeng Trofa bei Porto gouf e Freideg ee Mann aus dem Grand-Duché festgeholl, géint deen et zanter dem 7. November ee Mandat d'arrêt gouf.

Dat melle portugisesch Medien. De 45 Joer ale Mann wier wéinst Drogenhandel gesicht ginn. De Mann war der portugisescher Police och schonn an deem Zesummenhang bekannt. Hien hätt géint 16.30 Auer kënne bei enger gängeger Kontroll identifizéiert ginn a wier doropshi festgeholl ginn. Eng Confirmatioun vum Lëtzebuerger Parquet hu mir bis elo nach net.

Back to Top
CIM LOGO