16 Ekippen triede géinteneen unDéi éischt Food-Truck-Competitioun op der ExpoGast

Lea Schwartz
D'Expogast an der Luxexpo ass bekannt fir hir international Kachconcoursen, bei deenen d'Käch aus der ganzer Welt hiert Kënnen ënner Beweis stellen. Dëst Joer steet fir d'éischte Kéier och eng Food-Truck-Competitioun um Programm. Iwwer fënnef Nomëtteger verdeelt, trieden am Ganze 16 Ekippe géinteneen un.

De Samschdeg war den éischte Competitiounsdag an et sinn direkt véier Ekippen ugetrueden. Ënnert hinnen och zwee Vertrieder aus Lëtzebuerg: SmokedBurger & Co. mam Yann Faber an d'ItalyLux Culinary Team.

Fir d'Participante gëlle streng Reegelen. All Ekipp huet genee véier Stonne Zäit, fir hire Menü ze preparéieren. Am Ganze muss all Food Truck 150 Portioune kachen. E puer Virbereedungen däerfen zwar schonn am Viraus gemaach ginn, wéi zum Beispill vereenzelt Geméis schneiden, mee d'Käch mussen trotzdeem e groussen Deel vun hirer Aarbecht direkt am Food Truck an op der Plaz leeschten.

De Yann Faber huet sech bewosst dozou entscheet, alles direkt op der Plaz ze maachen. Esou géif hien et och am Alldag maachen. Hien huet säi Food Truck zanter zwee Joer.

Nieft dem Goût bewäert d'Jury och d'Presentatioun vun de Platen, d'Preparatioun an d'Quantitéit un Offall, dee bei der Produktioun entsteet. D'Participante stinn dobäi de ganzen Nomëtteg ënner der Observatioun vun der Jury.

Fir déi zwou lëtzebuergesch Ekippe geet et net nëmmen drëm, e gudde Menü op den Teller ze bréngen, mee och, sech géint déi international Konkurrenz duerchzesetzen. Mat dobäi sinn ënner anerem eng polnesch an eng pakistanesch Ekipp.

Fir déi zwou Lëtzebuerger Ekippen ass et op dësem Samschdeg eng Bronzemedaile ginn an dat polnesch Team huet gewonnen.

Et ass déi éischte Kéier, dass op der ExpoGast och eng Food-Truck-Competitioun organiséiert ginn ass.

Back to Top
CIM LOGO