
Entreprisen, déi sech op Holdingen oder Fonge spezialiséiert hunn, maachen 28,7 Prozent vun all de Faillitten an deem Zäitraum aus. 21,1 Prozent kommen dogéint aus dem Commerce.
Bei de Liquidatiounen dogéint gouf et am Zäitraum Januar-Mee 2022 esouguer eng Baisse vu bal engem Véierel op elo 393 Entreprisen. Hei maachen d’Holdingen an d’Fonge bal d’Hallschent (46,6%) aus an de Commerce eng 15,5 Prozent.