
Vum 1. Juli u gëllen an deem Kontext Changementer an de Supermarchéen. Uebst a Geméis bis annerhallwe Kilo däerf bei der Vente net méi a Plastik agewéckelt ginn.
Déi Liewensmëttel, déi am Viraus geschnidde goufen, sinn net concernéiert.
An engem Communiqué vun der Ëmweltverwaltung geet Rieds vun enger neier Etapp an der Lutte géint d’Plastikverschmotzung.
Weider Detailer gëtt et op nulloffall.lu