
E Sonndeg gouf en 13 Joer alt Meedchen an de Prisong zu Schraasseg gesat, well an der UNISEC zu Dräibuer nämlech keng Platz méi war. E Méindeg u konnt d’Meedchen awer op Dräibuer transferéiert ginn
An deem gëtt et och Kritik. Mineure géifen net an de Prisong zu Schraasseg gehéieren. Trotz allen Efforte vum Personal, wier dat keen adequate Kader, fir e Jugendleche festzehalen.
An deem Kontext gëtt vun der Politik e Verbuet, fir Mineuren an de Prisong ze setzen, gefuerdert. An datt esou séier ewéi méiglech adaptéiert Infrastrukture fir Mineure geschaaft ginn.