Invité vun der Redaktioun (22. September)Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moien ass ënnert anerem de Wiessel an der Chamber bei déi Lénk Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et dierft ee vu senge leschten Optrëtter hei um Radio sinn, well de 14. Oktober gëtt bei déi Lénk an der Chamber gewiesselt an zwee nei Deputéiert gi vereedegt. En Dënschdeg kucke mer awer nach mam Marc Baum op aktuell Theemen a schwätzen iwwer déi rezent Virfäll mat Dronen, de Sträit tëscht Dokteren a Gesondheetskeess, respektiv der Ministesch. A kucken eis d'Walvictoire vun die Linke zu Berlin un a wat ee sech fir Lëtzebuerg kéint ofkucken.

Den Deputéierte Marc Baum vun déi Lénk ass um 8 live eisen Invité vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO