Klappjuegden, Wëldschued an de Wollef: Wéi soll d'Wëld zu Lëtzebuerg geréiert ginn? Kuerz virum Ufank vun der Klappjuegdsaison froe mir de Vizepresident vun der Jeeërfederatioun, firwat d'Juegd néideg ass, wéi d'Sécherheet garantéiert gëtt a wat de Retour vum Wollef fir d'Jeeër bedeit. De Marc Reiter ass en Dënschdeg de Moie kuerz no 8 eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.