
Déi fréier LSAP-Conseillère vu Monnerech Marie-Thérèse Sannipoli-Mehling ass dout. Si ass en Dënschdeg am Alter vun 82 Joer gestuerwen.
D’Marie-Thérèse Sannipoli-Mehling souz vun 2000 bis 2017 fir d’Sozialisten am Gemengerot an der Gemeng Monnerech. Donieft war déi Verstuerwen am soziale Secteur engagéiert, als laangjäreg Presidentin vum Office social zu Monnerech, a Grënnungsmember grad wéi Éierepresidentin vum CIGL Monnerech.
De fréiere Monnerecher Buergermeeschter an Ex-LSAP-Minister Dan Kersch wierdegt d’Marie-Thérèse Sannipoli-Mehling op Facebook als eng ganz engagéiert Fra. Si wier “Gold wäert” gewiescht fir d’LSAP Monnerech. Mat engem exemplareschen Engagement an enger Mënschlechkeet, déi iwwert allem gestanen hätt.