Invité vun der Redaktioun (19. Dezember) - Martine Deprez"D'Pensiounsreform gëtt eis véier Joer Sputt, de System virunzedenken"

Claude Zeimetz
E Freideg de Moie war d'Pensiounsreform Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Martine Deprez
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Sozialministesch Martine Deprez huet sech e Freideg de Moie bei eis op der Antenn géint de Virworf vun der Gewerkschaftsunioun OGBL an LCGB gewiert, et hätt een d’Pensiounskeess bei den Diskussiounen iwwert d’Pensiounsreform net agebonnen. Si hätte vun Ufank u mat de Leit vun der CNAP geschwat. Et hätt een a permanentem Austausch gestanen, sou d’Martine Deprez bei eis op der Antenn. D’Pensiounsreform ass jo en Donneschdeg duerch d’Chamber gaangen. Jo et géif mat de Changementer méi Aarbecht op d’Verwaltung vun der Pensiounskeess duerkommen. Awer net an deem Mooss, wéi et verschiddener duerstelle géifen. Och haut kéint jidderee sech vun der CNAP ausrechne loossen, wéini en an d’Pensioun goe kann. Elo géifen eben zousätzlech déi weider Méint an d’"retraite progressive” derbäi kommen. D’Ministesch verséchert, et géif een “detailléiert analyséieren wéi dat doten en Place gesat gëtt”.

Zousätzlech Mataarbechter fir d’CNAP

Tatsaach ass, d’Pensiounskeess krut vun der Politik de Plaffong gehuewen, fir Leit ze rekrutéieren. Wéi vill dat ass, konnt d’Ministesch haut net soen. D’CNAP hätt gefrot, fir de Maximum bäizekréien, a kéint direkt mam Recrutement ufänken.

“Schwätzmat” weider online fir Froen an Ureegungen

Leit, déi allgemeng Froen hunn, kënnen déi iwwert den Internetsite “Schwätzmat” stellen. Dee bleift online, och fir déi zukünfteg Diskussiounen iwwert d’Ofsécherung vum Pensiounssystem z’alimentéieren.

4 Joer Sputt fir de System virun ze denken

D’CSV-DP-Regierung huet och en Donneschdeg an der Chamber nach emol vill Kritik missen astieche wéinst der Gestioun vum Pensiounsdossier. Réckbléckend, seet d’Martine Deprez, hätt een awer eppes gemaach, wat et sou nach net gouf. Et hätt een iwwert ee Joer zesumme mat de Leit iwwert d’Ausriichtung vum Pensiounssystem geschwat a jidderengem d’Méiglechkeet ginn, säi Bäitrag ze leeschten. Iergendwa wier just de Moment komm, eng Decisioun ze huelen. Nodeems jidderee sech beweegt hätt, wiere véier Mesuren erauskomm, déi de Responsabele vum 1. Januar u véier Joer Sputt ginn, fir de System virunzedenken, sou d’Martine Deprez haut.

Déi Jonk mat abannen

D’Sozialministesch wëll fir dësen zukünftege Prozess d’Inspection Générale de la Sécurité Sociale domadder chargéieren, fir d’Propose vun de relevanten Acteuren ze regroupéieren. Besonnesch déi Jonk sollen hei aktiv mat agebonne ginn, en Vue vu weidere Changementer vum Pensiounssystem. Grad si hate sech mat de Resultater vun der aktueller Pensiounsreform jo net zefridde ginn, well se keng laangfristeg Léisung brénge géifen.

Gespréicher mat den Dokteren am Januar

D’Martine Deprez kuckt dann an hirer Funktioun als Gesondheetsministesch virsiichteg optimistesch op d’Verhandlungen tëscht der CNS an der AMMD, déi dës Woch iwwert d’Konventiounen ugelaf sinn. Si géif dovunner ausgoen, datt “déi Leit konstruktiv zesummen diskutéieren”. Spéitstens Enn Januar huet d’CSV-Gesondheetsministesch awer och bei sech am Ministère eng Entrevue mat de Generalisten geplangt. A “si géif denken, datt se d’AMMD och virdrun eng Kéier gesäit”, sou eis Invitée vun der Redaktioun.

D’Martine Deprez iwwer d’Pensiounsreform

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO