Wéinst Manktem u SécherheetMaske vum Typ FFP2 vun der Mark Hanvico goufe vum Marché geholl

RTL Lëtzebuerg
D'Masken "FFP2 Nanosilber Antimikrobielle Mund-Nasenschutz" sinn net sécher genuch a gi vum Marché geholl, schreift d'Ilnas an engem Communiqué.

Den Institut luxembourgeois de la normalisation, de l'accréditation, de la sécurité et qualité des produits et services, kuerz Ilnas warnt virun dësem bestëmmten Typ Masken, déi elo zréckgeruff solle ginn.

Et wier net bewisen, datt dës Masken den néidege Sécherheetsstandarde gerecht wieren a géint de Corona-Virus schützen.

Artikel: D'Geschäft mat de Masken

PDF: Pressecommuniqué ILNAS

Back to Top
CIM LOGO