Police melltMat 113 km/h iwwer Boulevard Robert Schuman, erlaabt sinn hei just 50 km/h

RTL Lëtzebuerg
D'Police hat nawell vill ze dinn an der Nuecht op e Freideg. A 5 Fäll gouf de Fürerschäin op der Plaz agezunn. All Kéiers war Alkohol am Spill.

Tëscht Lenzweiler an dem Antoniushaff ass eng Persoun um Freideg géint 2 Auer blesséiert ginn, wéi en Auto en e Bam geknuppt ass. Den Alkoholtest war positiv an de Chauffer krut nach op der Plaz de Permis ofgeholl. E gouf no enger Behandlung op der Plaz an d’Spidol bruecht.

Alkohol, 1 Pneu manner, an 113 km/h amplaz 50 - 4 weider Fürerschäin goufen agezunn

En Donneschdegowend géint 21.30 Auer gouf et en Accident mat Materialschued zu Schëffleng. De Chauffer hat ze vill gedronk.

E Freideg um 00.40 Auer ass eng Automobilistin op der A7 opgefall, well se am Tunnel Stafelter am Zickzack ënnerwee war. Direkt hannert hir war eng Policepatrull gefuer, déi se kontrolléiert huet. Heibäi gouf festgestallt, dass den Alkoholpeegel vun der Fra ze héich war.

Géint 01.30 Auer hunn d’Polizisten op der N12, an der Géigend vu Wolz, net schlecht gestaunt, wéi se gesinn hunn, dass op engem Auto just 3 Pneue montéiert waren. Op der 4. Felg huet e Pneu gefeelt. Den Alkoholtest beim Chauffer war positiv.

An de ganz fréie Moiesstonnen um Freideg, géint 4.30 Auer, ass an der Stad um Boulevard Robert Schuman en Automobilist mat 113 km/h gemooss ginn. Erlaabt sinn hei just 50 km/h. Wéi an den anere Fäll war och hei Alkohol mat am Spill, an och hei gouf de Fürerschäin agezunn.

Back to Top
CIM LOGO