
Den Automobilist ass mat 131 km/h duerch de Schantje gefuer, deen op der A7 wéinst den Aarbechten am Gousseler Tunnel installéiert ass. D'Vitess ass wéinst deem Schantjen an deem Beräich op 70 km/h limitéiert.
De schëllege Chauffer huet säi Führerschäin eréischt zanter 21 Méint... an ass en dann elo och schonn nees lass. Dobäi kënnt dann nach e säftege Protokoll.