
D'Marie Alvarado Mejia ass 29 Joer al an huet bis Mëtt vun dësem Joer e ganz "normaalt" Liewe gefouert. Déi jonk Fra ass vu Beruff Graphikdesignerin a schafft zu Fréiseng an engem Familljebetrib.
"Enges Daags, kuerz viru mengem Gebuertsdag, hunn ech eng Knupp u menger Broscht gespuert. Doropshi sinn ech bei mäi Fraendokter gaangen an hunn him dëst erkläert. Ech gouf an eng Biopsie geschéckt a séier stoung fest, dass ech Broschtkriibs hätt. Duerno gouf och nach e geneteschen Test gemaach. An enger Bluttanalys gouf du festgestallt, dass ech effektiv genetesche Broschtkriibs hätt."
Dat war am Summer dëst Joer. Dat heescht, d'Marie huet d'Krankheet verierft kritt, obwuel an hirer Famill bis ewell nach kee Broschtkriibs hat. D'Marie huet nach zwou kleng Schwësteren an e grousse Brudder. Déi hu kee Kriibs. Och hir Mamm a Boma si net vu Kriibs betraff.
D'Marie huet vun hirer Gynekologin op d'Aarbecht ugeruff kritt. Dat war de 24. Juni 2026. "Kanns du wannechgelift direkt laanscht kommen?", huet d'Gynekologin d'Marie um Telefon gefrot. "Meng éischt Reaktioun war: ech sëtzen am Büro, muss ech direkt kommen? Kann dat net waarden?" Dem Marie hir Gynekologin war kloer, waarde stoung ausser Fro. Nodeems d'Marie mat hirem Patron alles gekläert huet, fiert si bei hir Fraendoktesch. Nodeems déi jonk Fra d'Diagnos matgedeelt kritt huet, gouf et ganz roueg an der Praxis.
Tréine sinn dem Marie also deen Ament d'Baken erofgelaf. "Wei ech dunn doheem war a menger Famill a Frënn d'Diagnos matgedeelt hunn, gouf dat ganz fir mech ëmmer méi seriö an ech hunn ugefaangen ze realiséieren, wat mat mir geschitt ass", sot déi sympathesch Fra wärend eisem Gespréich an de Büroe vun Europa Donna zu Stroossen.
Dausende vu Gedanke sinn dem Marie Alvarado duerno duerch de Kapp gaangen. "Wat ass mat menger Aarbecht? Ech wollt dach de Weekend erausgoen." Am Ufank huet d'Marie sech gefrot "Wisou grad ech?"
"Mëttlerweil sinn ech frou, sou e grousse Support ze hunn. Vu menger Famill, mengem Partner a vu mengem Frëndeskrees. Ech soe mir elo 'maach ee Schrëtt nom aneren'. Et bréngt elo näischt, mech ze froen, wat geschitt an engem Mount? Fir mech ass et elo méi einfach ëmzegoen, an deem ech mech froen haut, muer, wat maachen ech dann?"
Déi 29 Joer jonk Fra versicht, alles positiv ze gesinn. "Et bréngt elo näischt sech doheem an der Kummer anzespären. Mat kengem Kontakt wëllen ze hunn. Ech liewe jo nach, ech sinn nach do. Du erliefs den Ament zwar eng schwéier Situatioun, mee bleif positiv."
Zanter der Diagnos genetesche Broschtkriibs huet d'Liewe vum Marie vun enger Sekonn op déi aner changéiert.
"Et ginn Deeg, do iwwerleet ee vill ze vill. Do dréien d'Gedanken am Kapp", esou d'Marie wärend eisem Interview. "Et ginn engem Froe vu bis duerch de Kapp an et huet een net ëmmer eng Äntwert."
Leschte Mëttwoch war dem Marie hir 11. Chimio. "Ech sinn awer ni eleng. Mol geet meng Schwëster mat, mol meng Mamm, mäi Partner oder eng Frëndin. An dat ass esou wichteg."
"Et sëtzt een dacks dräi Stonnen do. An d'Zäit vergeet méi séier, wann een een dobäi huet, fir iwwert dëst oder dat ze schwätzen. Einfach ze wëssen, datt een net eleng ass, ass mega wichteg."
Am Ganzen huet d'Marie 18 Chemotherapien. Den 18. November ass déi 18. a leschten. An der Woch vum 14. Dezember 2026 gëtt d'Marie Alvarado operéiert. Si kritt déi zwou Brëscht amputéiert.
No der Operatioun muss d'Marie wärend fënnef Joer eng Hormontherapie maachen. "Mat elo 29 Joer gouf ech an d'Menopaus gesat. Dat wäert ech da wuel zweemol erliewen. Eng Kéier kënschtlech an enger natierlech. Wärend der Hormontherapie däerf ech net schwanger ginn. No dëser Therapie hunn ech da 35 Joer. Wann ech da Kanner wéilt, muss dat direkt geschéien. Well mäin Tumor genetesch ass, kann et sinn, dass duerno meng Eeërstäck och Kriibs kréien. Dat heescht, wann ech bis e Kand hunn, mussen d'Eeërstäck erausgeholl ginn, fir ze evitéieren datt ech nees Kriibs kréien."
Mat grad emol 29 Joer sech esou Gedanke mussen ze maachen, ass alles anescht ewéi einfach. "Ech hätt ni gemengt, esou jonk mir schonn esou Gedanke maachen ze mussen", seet d'Marie a kämpft mat den Tréinen.
D'Marie huet mol gutt, mol schwéier Deeg. De Support vu Famill a Frënn ass deen Ament enorm wichteg, erzielt déi jonk Fra. Och vun hirem Patron, engem klenge Familljebetrib vu Fréiseng, kritt si déi voll Ënnerstëtzung. Doriwwer ass d'Marie och extrem frou.
"Et soll een ni soen oder mengen, dass dëst engem ni geschéie kéint. Och wann ee Sport mécht oder gesond lieft. Et ka jiddereen zu all Moment treffen", seet d'Marie Alvarado. "Et huet een de Choix opzeginn, oder sech ze soen - elo grad kämpfen ech. Ech wëll weiderliewen. Ech wäert dat iwwerliewen. Ech si méi staark ewéi des Krankheet."
D'Lynn Diederich ass eng gutt Frëndin vum Marie. Si kenne sech scho laang a ginn zesummen duerch Deck an Dënn. "Ech versichen d'Marie sou gutt ech kann z'ënnerstëtzen. Mat him eppes ënnerhuelen, nofroe wéini seng Doktesch-Rendez-vouse sinn a wéi et beim Dokter war. Ech well einfach eng gutt Stäip fir hatt sinn."
Immens schockéiert war d'Lynn, wéi d'Marie hir Diagnos vum Dokter matgedeelt huet. "Et war wéi e Schock fir mech. Ech war mega traureg a rose gläichzäiteg. Ech hunn awer och probéiert, bei der Saach ze bleiwen, fir hat z'ënnerstëtzen."
Zanter 2002 gëtt et Europa Donna. De Gros vun de Broschtkriibspatiente si Fraen. Ee Prozent vun de Männer kréien dës Krankheet. Preventioun an Ënnerstëtzung ass der ASBL wichteg. "Ënner anerem bidde mir d'Méiglechkeet un, dass déi betraffe Frae sech treffen a mat enger Psychotherapeutin e Gespréich féiere kennen", esou d'Dany Frank vun Europa Donna. Doriwwer eraus bidde si nach aner Ënnerstëtzungen un, ewéi d'Aide familiale.
Mat vill Zouversiicht geet d'Marie Alvarado hire Wee. Ech hunn eng staark Fra erlieft, déi hiert Schicksal an zwou Hänn hëlt an de Courage net verléiert.
Respekt fir d'Marie, déi ouni e Blat virun de Mond ze huelen, mir hir ganz perséinlech Situatioun iwwert hir Krankheet erzielt huet.