Interaktiv WanderungMat der "Éislek-App" huet een eng digital Wanderkaart an en digitale Fieschter

Tim Morizet
D'Corona-Kris huet vill Leit no baussen an de Bësch gedriwwen.
Interaktiv Wanderung
D'Corona-Kris huet vill Leit no baussen an de Bësch gedriwwen.

D'Wanderweeër zu Lëtzebuerg waren déi lescht Woche gutt besicht. A praktesch: Mat der „Éislek-App“ huet een net nëmmen eng digital Wanderkaart parat – ma och en digitale Fieschter mat Explikatiounen.

Wanderung an Technologie. 2 Wierder déi besser zesumme passen - ewéi ee géing mengen. Wien net iwwerzeegt ass, ka sech um Wanderwee „Natur Pur“ zanter kuerzem dovunner iwwerzeegen. Mam Depart direkt bei der Misärsbréck un der Sauer geet de Wee an zwou Varianten iwwer 7 oder 1,7 Kilometer duerch d'Naturschutzgebitt „Bruch – Pont-Misère“.

De Paul Ihry, Gestionnaire Visit Eislek

Et ass elo en éischte Versuch. Mir schaffen do mat engem System, dee sech iBeacons nennt. Dat heescht d'Smartphone App kritt een Impuls, dann eng Notifikatioun, déi de Wanderer dann op sengem Handy gesäit. Wann en dann drop klickt, kritt e weider Informatiounen iwwert déi Platz, an och e Video gewisen. “

Insgesamt 8 Informatiouns-Punkte sinn op béide Strécke verdeelt. D'Éislek-App ka jidderee sech gratis op säin Handy eroflueden, entweder iwwert den App Store oder Google Play. Fir d'Notifikatioune muss d'App, ewéi och de Bluetooth awer wärend dem Tour am Hannergrond lafen.

E System, dee weltwäit u Popularitéit gewënnt, an och am Éislek weider ausgebaut gëtt.

E weidere Punkt, dee mer geplangt hunn, ass beim Cape-Zenter zu Ettelbréck op der Maartplaz. Do si mer am gaangen déi ganz Plaz virtuell nozebauen. Dat heescht d'Leit kënnen iwwer 360 Grad kucken, ewéi déi Plaz 1944/45 ausgesinn huet.“

Méi Wanderweeër, an och Stied an Dierfer sollen an Zukunft vun dëser Technologie profitéieren.

Back to Top
CIM LOGO