Protokoll vun 250 EuroMat Matrass um Autosdaach mat 60 km/h iwwert d'Areler Autobunn

RTL Lëtzebuerg
Der Police ass e Freideg en Auto mat ongewéinlecher Charge um Daach op der Areler Autobunn opgefall.
© Police

De Chauffer ass mat 60 Stonnekilometer op der Autobunn a Richtung Stad gefuer, hannert sech schonn e Stau. De Grond war eng Matrass, déi de Mann einfach op den Daach gestréckt hat.

D’Police huet den Automobilist mat der net uerdentlech gesécherter Charge vun der Autobunn erof eskortéiert. Hie krut e Protokoll vun 250 Euro a gouf drop opmierksam gemaach, dass esou Virfäll schro Accidenter kënne provozéieren.

Weider fueren, duerft de Mann net.

Back to Top
CIM LOGO