
E Mataarbechter vum Ofwaassersyndikat Siden, dem Syndicat des eaux résiduaires du Nord, steet am Verdacht, ronn 73.000 Euro verontreit ze hunn. E Montant, deen de Siden nach net offiziell bestätege well. Dat huet de Fernand Mergen, Buergermeeschter vu Feelen a President vum Siden, confirméiert. E Samschdegmoien hu sech d’Membere vum Ofwaasser-Syndikat aus de 34 Gemengen op der Bleesbréck fir eng Urgence-Reunioun gesinn, fir de Fall ze diskutéieren.
D’Verontreiung ass en Dënschdeg de Moien, den 10. Mäerz opgefall an de concernéierte Mataarbechter gouf doropshin direkt dispenséiert a juristesch Schëtter fir eng penal Prozedur goufe gestart. D’Banken-Accèse vun der Persoun goufe gespaart.
D’Onreegelméissegkeete goufen an de Comptabilitéiten fir Februar a Mäerz constatéiert. Dat Ganzt ass bei enger Routine-Kontroll opgefall. Doropshi goufen d’Detailer bei der concernéierter Persoun nogefrot. No engem kuerze Gespréich wiere komesch Aussoe vun der betraffener Persoun komm, déi Doutte bruecht hätten. De Kontrollsystem vum Siden ass deen nämmlechte wéi op all Gemeng.
Och de Parquet huet bestätegt, datt an deem Dossier ermëttelt gëtt. Den Dossier ass aktuell beim Procureur. Aktuell leeft eng weider Analys vun de Konten, fir ze ermëttelen, ob nach méi Sue verschwonne wieren.
Et si vill Suen, sou datt de Siden finanziell aktuell just limitéiert handlungsfäeg ass. Et ass een aktuell och an enger Concertatioun mam Inneministère. Weider Donnéeë wollt de Syndikat net ginn an d’Justiz hier Aarbecht maache loossen.
D’Lëtzebuerger Press war iwwerdeems e Samschdegmoien op de Sëtz vum Siden invitéiert ginn, fir hir Froen zur Affär ze stellen. Richteg Äntwerten gouf et awer keng. Et krut ee gréisstendeels e Communiqué virgelies.