PatrimoineMéchelskierch ass déi eelste Kierch vun der Stad Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Méchelskierch steet um Fëschmaart an hir Urspréng ginn an d'10. Joerhonnert zréck. Et ass déi eelste Kierch vun der Stad Lëtzebuerg.
Méchelskierch ass déi eelste Kierch vun der Stad Lëtzebuerg
D’Méchelskierch steet um Fëschmaart an hir Urspréng ginn an d'10. Joerhonnert zréck. Et ass déi eelste Kierch vun der Stad Lëtzebuerg.

Déi éischte Kierch, déi op dëser Plaz stoung, war aus Holz gebaut. Op dem Bockfiels hat de Grof Siegfried d’Gotteshaus baue gelooss, dat war 987.

Déi haiteg Méchelskierch steet op där Plaz, wou 987 also d’Buergkapell vun de Lëtzebuerger Grofe stoung. Am Laf vun der Zäit gouf d’Kierch ëmmer nees zerstéiert an erëm opgebaut. Am 2. Weltkrich gouf de Kierchtuerm bombardéiert.

An der Méchelskierch fënnt een haut Elementer vu romanescher, gotescher a barocker Architektur.

Rezent gouf d’Kierch eng leschte Kéier ëmgebaut. Dat war tëscht 2016 an 2019 de Fall.

Back to Top
CIM LOGO