ImmigratiounMeescht Asyldemanden am Juli koume vun Afghanen a Syrer

RTL Lëtzebuerg
Am Juli koumen am Ganze 94 Demande fir Protection internationale eran. 26 Demande koume vu Leit aus dem Afghanistan, grad ewéi och 26 aus Syrien.

Corona huet en Impakt op d'Asyldemanden. Op den 31. Juli hu 537 Mënschen international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot gehat. Zejoert waren et der bannent där Zäit méi ewéi duebel sou vill.

Am Mount Abrëll, wärend dem Confinement, hu grad emol 10 Leit eng Demande gemaach.

D'Asyldemandeure komme virun allem aus Syrien, Eritrea an Afghanistan.

An Joer 2020 goufen 880 Decisioune geholl. 441 Mënsche kruten de Statut vum Refugié unerkannt, also bal d'Hallschent. E Véierel vun den Demandë goufe refuséiert. Eng Rei vun den Ufroe waren net recevabel oder d'Directioun de l'Immigration huet Dossiere weider ginn, well si net zoustänneg war.

Transferten am Kader vum Dublin-Reglement goufen et der 56. Déi meescht a Richtung Däitschland, Spuenien a Frankräich.

33 Leit goufen am Kader vun där Prozedur op Lëtzebuerg bruecht.

Dëst Joer goufen et bis ewell 45 Retoure vu Lëtzebuerg erfort. 29 waren der fräiwëlleg an 11 forcéiert.

PDF: Statistiken vun der Protection internationale zu Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO