Am LokalenMéi Accidenter am Land, Drogendealer am Zuch Richtung Belsch verhaft

RTL Lëtzebuerg
Den Dealer war, kuerz éier hien an den Zuch geklomme war, beim Verkafe vun Droge gesi ginn.

Am Lokale mellt de CGDIS zwee Blesséierter bei engem Accident e Mëttwoch géint 18.30 Auer zu Kënzeg, wéi sech zwee Autoen ze paken kruten. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vu Péiteng, Déifferdeng/Suessem a Käerjeng.

An der Tréierer Strooss am Gronn hate sech zwee Autoen kuerz virun 8 en Donneschdeg ze pake kritt. D’Rettungsekippen aus der Stad haten ee Blesséierten ze behandelen. Zu ongeféier der selwechter Zäit waren e Camion an en Auto op der A3 Richtung Lëtzebuerg net laanschtenee komm, d’Ekippen aus Beetebuerg an Diddeleng hate sech ëm kee Verletzten ze bekëmmeren.

Déi Diddelenger Ekippen waren dann um 8.36 nees am Asaz. Op der Gare am Zentrum war en Auto accidentéiert an eng Persoun gouf blesséiert. En änleche Fall mat och engem Blesséierten gouf et kuerz no 9 Auer zu Hoen, d’Ekippe vu Stengefort a Mamer waren hei am Asaz.

En Dënschdeg de Mëtteg konnt an engem Zuch a Richtung Belsch en Drogendealer festgeholl ginn, dee kuerz virdrun gesi gouf, wéi en op der Stater Gare gedealt hat. De Mann hat dann och eng 1.000 Euro u klenge Schäiner bei sech. Hie gouf op Uerder vum Parquet verhaft an hat schonns e Mëttwoch Rendez-vous beim Untersuchungsriichter, deen de Mann op Schraasseg iwwermëttelt huet.

D’Police mellt dann nach e puer alkoholbedéngte Protokoller. Eng Kéier géint 19 Auer an der Géigend vun de Baggerweieren zu Rëmerschen. Hei hat eng alkoholiséiert Fra e Won beschiedegt, wéi si aus enger Parkplaz erausgefuer war. Ouni sech drëm ze këmmeren, war si weidergefuer. Beamte vun der Police haten d’Aktioun awer gesinn an hunn d’Fra kuerz dono gestoppt. Si hat ze vill gedronk, gouf och protokolléiert, de Permis huet si awer dierften halen.

Géint 2 Auer war op der A4 en Auto lues a Richtung Süden ënnerwee. Hei war den Alkoholtest positiv an de Permis war fort. Bei Kontrollen op der N11 goufen 3 Permisen agezunn, an der Stad gouf et zwee Protokoller, d’Permisen duerften déi alkoholiséiert Automobilisten awer halen.

Zu Diddeleng op der Gare wollt en Donneschdeg géint 8.30 Auer eng Automobilistin hannerzeg aus der Parkplaz erausfueren, wéi den Auto awer nach am éischte Gang war an doduerch no vir gefuer ass. Duerch den Opprall hat d’Fra liicht Blessuren dovu gedroen, déi nach op der Plaz vum Rettungsdéngscht versuergt goufen. Duerch de Coup widder e Busarrêt war awer en héije Materialschued entstanen. Den Zuchtrafic huet fir kuerz Zäit misse gestoppt ginn, bis den Auto ofgeschleeft konnt ginn.

Den 112 mellt en Accident mat 2 Blesséierten um 16 Auer. Tëschent Useldeng a Béiwen wieren zwee Autoen anenee geknuppt.

Back to Top
CIM LOGO