Et wier méi eng Revolutioun, wéi eng Reform: Ee ganz neie System, deen net ze vergläiche wier mam nach aktuellen, fënnt de Paolo Fiorucci. Hien ass de President vun der FELSEA, der Federatioun vun de private Betreiungsstrukturen, déi beim Ausschaffe vun der Reform mat agebonne gouf.
Mat der Reform wäerte vill Upassungen op d’Betreiungsstrukturen zoukommen. An Zukunft dierf keng Pauschal méi, mee just nach déi reell Stonnenzuel facturéiert ginn, déi d’Kand an enger Struktur verbréngt. Och dierfe keng Supplemente méi verrechent ginn. De Personalschlëssel iwwerdeems soll an d’Luucht geschrauft ginn.
Duerch déi nei eenheetlech Facturatiounsvirschrëfte riskéiere privat Betreiungsstrukture manner ze verdéngen. Problematesch an engem Beräich, wou verschiddener struewelen, fir nach iwwer d’Ronnen ze kommen. Dofir si geziilt Hëllefe vum Staat virgesinn. “Als éischt si Kompensatioune virgesinn, fir datt ee fir kleng Verträg awer eng gewësse fix Zomm ka kréien. Dat ass mol ganz wichteg. An dann eng Subventioun Loyer, eng fix Zomm, déi een all Mount kritt”, erkläert de Paolo Fiorucci.
Eng gewëss Sécherheet fir d’Prestatairen
Mat der Reform kréichen déi privat Betreiungsstrukturen eng gewëss Sécherheet, déi se bis elo net gehat hätten, seet de President un der FELSEA. “An eng Sécherheet, datt mer de Familljen e flexibele Vertrag kënnen ubidden ouni Sue mussen dorunner ze verléieren. An déi Suen, déi mer esou spueren, kënne mer dann erëm an d’Qualitéit investéieren. An dat ass ee wichtege Punkt.”
Allerdéngs bleiwen nach dräi wichteg Punkten ze klären. Virop d’Héicht vum “raisonnabele” Benefice, deen d’Strukturen dierfe maachen. Iwwer dee Seuil eraus musse se staatlech Hëllefe rembourséieren. D’FELSEA hofft, datt de Staat sech beim Festleeë vun deem Benefice och raisonnabel weist. “Mir hu bis elo gutt mam Staat geschafft, dofir menge mer och, datt si verstinn, datt een ouni Benefisser net ka reinvestéieren a keng Sécherheet hu fir d’Zukunft”.