100. AnniversaireMéi Robert Krieps woen: Net just Virbild, ma Inspiratioun

RTL Lëtzebuerg
D’Fondation Robert Krieps ass déi no baussen aktiivst Denkfabrick vun enger Partei - an dësem Fall vun der LSAP.

100. Anniversaire Robert Krieps / Reportage François Aulner

Se huet déi lescht Joren zum Beispill Bicher verëffentlecht, mat Bäiträg vun net nëmme Sozialisten, zum Thema Logement oder Steieren. Um Mëttwoch huet d’Fondatioun fir den 100. Anniversaire vum verstuerwene Robert Krieps eng Commemoratioun an der Abtei Neimënster organiséiert. Wärend dem 2. Weltkrich war de Robert Krieps Prisonéier vun den Nazien zu Hinzert, am Gronn an duerno an de Konzentratiounslager vu Natzweiler-Struthof an Dachau. Nom Krich huet hie seng Ausbildung als Affekot gemaach a sech bei de Sozialisten engagéiert. Hie gouf ënnert anerem Deputéierten an zwee Mol Regierungsmember an de 70er an 80er Joren. Fir d’éischt Justiz- an Educatiounsminister, duerno Justiz-, Kultur- an Ëmweltminister. Hien ass virun allem bekannt, well ënnert him d’Doudesstrof ofgeschaaft gouf an den Educatiounssystem moderniséiert gouf.

De Max Leners, Affekot an aktiven LSAP-Member, ass Generalsekretär vun der Fondatioun Robert Krieps. Fir hien ass et ze einfach, de Robert Krieps einfach als Virbild ze bezeechnen. Vill méi wier säin Handelen eng Inspiratioun.

Dem Robert Krieps wier d’Popularitéit net wichteg gewiescht, mee eppes ze veränneren.Him seng Erfarung am KZ hätt hien och gepräägt. Och wann d’Problemer vun haut ewéi d’Klimakris, geopolitesch Krisen oder nach de Logement d’Leit nach net esou direkt géingen treffen ewéi d’Problemer an den 30er a 40er Joren, sou kéint een haut een oder méi Robert Kriepsen gutt gebrauchen, sou de Max Leners.

De Robert Krieps ass am Alter vu 67 Joer, den 1. August 1990, a Frankräich gestuerwen. Hie wier de 16. Oktober dëst Joer 100 Joer al ginn.

Back to Top
CIM LOGO