Vill Leit kënne sech eng Plaz am Altersheem just leeschten, well de Fonds de solidarité aspréngt. An da bleift dacks net méi genuch iwwreg, fir emol bei de Coiffeur ze goen oder bei d'Pédicure.
D'Chambre des salariés hat dat rezent an enger Etüd beluecht a generell méi Transparenz bei de Präisser vun den Altersheemer gefuerdert. Och d’Copas schléisst sech där Fuerderung un, seet awer zugläich, datt d'Salaireskäschten zwee Drëttel vun de Präisser géifen ausmaachen.
Am RTL-Interview mécht de Copas-President Marc Fischbach an dem Kontext en Appell un „d’Responsabilitéit an d'Vernonft vun den Tarifpartner“.
Wann et beim Aushandele vum neie Kollektivvertrag net zu „Exzesser“ kéim, da géifen et warscheinlech keng Präishaussen an den Altersheemer ginn, esou de Marc Fischbach.
D’Amiperas bedauert, datt d’Ënnerscheeder tëscht den aarmen a räichen ale Leit méi grouss gi wären. 76% vun de Fraen hunn ze vill eng kleng Rent, fir sech, ouni Hëllef vum Fonds National de Solidarité, kënnen eng Plaz am Altersheem ze leeschten, wa si dat da wéilten.
Nach ëmmer zitt et eng Partie Lëtzebuerger an déi däitsch Grenzregioun an d’Altersheemer. Et wär do méi bëlleg an déi däitsch Sprooch wär méi einfach ze verstoen, wéi déi franséisch, déi zu Lëtzebuerg an den Alters- a Fleegeheemer vill geschwat gëtt.
Well iwwerdeems och ëmmer méi Lëtzebuerger schonn a jonke Joren an Däitschland wunne ginn, well de Logement do méi bëlleg ass, wäert et och esou sinn, datt däitsch Altersheemer an Zukunft fir Lëtzebuerger sécher net manner intressant ginn.