Wéi erkennen ech, ob eng Informatioun stëmmt oder Fake ass? Wéi vill kënne mir de Medien an Zäite vu Social Media a Kënschtlecher Intelligenz eigentlech nach trauen? A wat ass d’Roll vum Journalismus an dësem komplexen Ëmfeld?
E Méindeg den Owend geet hei an der RTL City um Kierchbierg d’Expo "À la recherche de la vérité – Le journalisme et nous" op. De Sascha Helsper huet mat dorun geschafft. Den Chef vum MEDIACentre vun der Uni Lëtzebuerg an Expert fir Medien a Journalismus ass dofir de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Dat direkt no de Noriichten um 8.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.