Vun RTL-User gefilmtMéiglechen Tornado bei Nidderpallen entpoppt sech als "Funnel cloud"

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend géint 18:15 Auer gouf bei Nidderpallen eng "Funnel cloud" gesinn.
© Jonathan Trapp

Déi sougenannte Funnel cloud war ongeféier zéng Minutte laang ze erkennen an huet sech duerno opgeléist, sou en RTL-User en Donneschdeg den Owend. Den Observatiounen no schéngt en net de Buedem beréiert ze hunn, sou dass de Wieder-Expert Jörg Kachelmann ausschléisse kann, dass et sech ëm en Tornado handelt.

Et géif sech hei éischter ëm eng "kleng Funnel cloud" handelen.

© Jonathan Trapp

Wat genee si "Funnel clouds"?

"Funnel clouds", oder Kal-Loft-Triichter entstinn dacks bei Schaueren oder schwaachem Stuerm, wann d'Loft an de méi héije Schichte besonnesch kal ass. Am heefegsten trëtt de Phänomen am Hierscht oder Fréijoer op, wann d'Sonn déi méi niddreg Schichte vun der Atmosphär genuch opgehëtzt huet, sou dass eng Konvektioun, also Reen entsteet, wärend d'Temperaturen op ronn 4.500-6.000 Meter Héicht ganz niddreg sinn.

Funnel clouds sinn an der Reegel komplett harmlos, kënnen awer a ganz seelene Fäll de Buedem erreechen a mat Wandvitesse vu bis zu 135 Stonnekilometer Schued uriichte kënnen. Dëst war awer hei net de Fall. Méi Detailer ginn et hei!

Back to Top
CIM LOGO