
Wéi een um Mëttwoch um Site vun der Unesco liese konnt, goufen 8 nei sougenannte Global Geoparken opgeholl, woumat d’Zuel vun de Parken op 177 a 46 Länner eropgaangen ass. Deemno hu sech dëst Joer zwee nei Länner, dorënner Lëtzebuerg a Schweeden, nom Ernenne vun hirem éischte Geopark dem Netzwierk vun der Unesco ugeschloss.
Besonnesch déi spektakulär Sandsteenlandschaften am Oste vum Land, déi bis zu 100 Meter déck kënne sinn a ronn 200 Millioune Joer al sinn, hunn et der Jury vun der Unesco ugedoen. Dës sinn net fir näischt zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert eng Touristenattraktioun.
Allerdéngs war et schonn déi zweet Kandidatur fir den Titel vun der Unesco. 2017 hat de Park schonn eemol eng Demande gemaach, déi awer ofgeleent gouf. Am Januar dëst Joer hat den “Unesco Global Geopark Council” dann unanime decidéiert, de Lëtzebuerger Park der Jury ze recommandéieren. A wéi ee gesäit, huet et dës Kéier geklappt.
Den Titel “Unesco Global Geopark” ass eng international Unerkennung fir d’Mëllerdall-Regioun mat sengen 22 Geositten an e wichtege Label fir den Tourismus.
RTL News: Am Abrëll fält d’Decisioun, ob d’Mëllerdall-Regioun den Titel kritt