#mellerdallgoesunescoMëllerdall gehéiert elo zu enge vun den neie Regioune vum Unesco Global Geopark

Christophe Hochard
Zanter Mëtt Abrëll däerfe sech 8 nei Regiounen Unesco Global Geopark nennen. Se gehéieren also zu de Beschten op der Welt.
Mëllerdall Goes Unesco
Zanter Mëtt Abrëll däerfe sech 8 nei Regiounen Unesco Global Geopark nennen. Se gehéieren also zu de Beschten op der Welt.

Een dovunner ass hei zu Lëtzebuerg am Mëllerdall. Am Oktober d’lescht Joer hu sech zwee Experten e Bild vum Natur- a Geopark Mëllerdall gemaach an hunn doropshin e positiven Avis ofginn. Dës Regioun am Oste vum Land erstreckt sech op enger Surface vun 256 Quadratkilometer.

Mëllerdall gëtt dësen Eck vum Land genannt, well et fréier hei laanscht d’Sauer an d’Schwaarz Iernz vill Mille goufen. Zanter dem 13. Abrëll gehéiert de Mëllerdall zu den Unesco Global Geoparken. Eleng wéinst dëse Fielsen an dem Sandsteen ass dës Regioun wäit iwwer eis Grenzen eraus bekannt.

D’Huel Lee zu Bäerdref ass eng vun den 22 Geositte vum Mëllerdall. Hei waren d’Réimer zu hirer Zäit schonn aktiv. Am Mëttelalter gouf am Steebroch vill geschafft. Zu all Joreszäit begéint een Touristen an dëser Regioun. Stéchwuert: nohaltegen Tourismus.

D’Geologie spillt am Natur- a Geopark eng zentral an déi ass och wichteg fir d’Produktioun vun Drénkwaasser. An deem Kader ginn elo Neel mat Käpp gemaach.

De Natur- a Geopark Mëllerdall gehéiert vun elo un déi nächst 4 Joer zum Unesco Global Geopark, duerno kënnt et zu enger neier Evaluatioun.

PDF: Schreiwes Mëllerdall Goes Unesco

Back to Top
CIM LOGO