
Dat si Froen, déi rezent am Raum stinn, nodeems scho virun zwou Wochen e Bréif an der Press opgedaucht ass, dee vun der Procureur General d'Etat Martine Solovieff an dem President vum Ieweschte Geriichtshaff Jean-Claude Wiwinius un de Chamberpresident Fernand Etgen geriicht war. Konkret huet d'Justiz déi vill parlamentaresch Ufroe vun den CSV-Deputéierte Mosar a Roth kritiséiert. Mir kruten awer nach een aneren Bréif zougespillt, deen nach weider Froen opwerft.
Den CSV-Deputéierte Félix Eischen hat de 25. Juni e Courrier un de Parquet gemaach. Attachéiert un deem Bréif war een Audit iwwer de Filmfong, deen de Premierminister Xavier Bettel schonn d'lescht Joer maache gelooss huet. Konform zum Artikel 23 am Code de procédure pénale huet den Deputéierte seng Flicht wouergeholl, fir Infraktiounen an Deliten, déi senger Meenung no am Audit ze fanne sinn, un de Parquet virunzeginn.
An hirer Äntwert schreift d'Procureur General awer just "Avant tout autre progrès en cause, je vous prie de bien vouloir me renseigner sur les circonstances dans lesquelles le document intitulé «Audit [...]» vous a été communiqué." D'Martine Solovieff freet den Deputéierten also, fir seng Sourcen ze nennen. "Eng ganz speziell Reaktioun" fënnt d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen.