
Wéi et säitens der Lëtzebuerger Arméi heescht, wier eng militäresch Übung um Territoire oder an der Géigend vu verschiddene Lëtzebuerger Gemengen geplangt. Och d’Gemeng Wolz wier hei mat dru bedeelegt.
Dës Übunge wieren eng “operationell Virbereedung”, déi géife weidergefouert ginn, dat am Kader vu Asätz an Engagementer am Ausland. 100 Persounen an 20 Gefierer vun der Arméi sinn un den Übunge bedeelegt. Hei soll dann och Trainingsmunitioun an den Asaz kommen, heescht et weider.