Fir de Steven Macedo waren déi leschten Deeg a Stonne scho ganz opreegend. De Lëtzebuerger war ënnert de Finaliste vun de “World Smart City Awards” zu Barcelona. Ugangs September hat hien eng Mail kritt mat der Info, dass hie mat senger Firma “MABU Concepts” ënnert de leschten 3 wär. Deen Ament war de Steven Macedo zu Amsterdam op enger Foire.
“Ech souz owes nach do mat der Ekipp e Patt ze drénken, wei d’Mail koum mat der Informatioun, dass mäi Projet zréckbehale gouf. Du bass ee vun den 3 Finalisten. Du däerfs awer nach näischt soen”. Sou stoung weider an der Mail ze liesen. “Dunn ass emol d’Blutt am ganze Kierper hänke bliwwen. Wat ass dann hei elo lass”? Sou dem jonke Lëtzebuerger seng éischte Reaktioun op des Nouvelle hin.
Zanter leschtem Méindeg war de Lëtzebuerger Steven Macedo zu Barcelona. “Owes spéit kann een hei nach op enger Terrass am Pullover setzen. Em Hallefnuecht waren et hei nach tëscht 23 a 24 Grad.”
“Als klengt Lëtzebuerg op enger Weltbün stoen, dat ass fir mech dat Allerwichtegst.”, erkläert hien “Ech sinn och ganz frou, dass ganz Lëtzebuerg do hannendru steet. Sief et vun der Ambassadrice bis hin zum Minister”. Si ënnerstëtzen de jonke Mann mat sengem Projet. Eng weltwäit Renommée wär schonn e flotte Präis. Dëst erzielt mir de Steven Macedo ganz houfreg.
Mat senger Entreprise ass hien den eenzegen Europäer ënnert den 3 Finalisten. “Saudi Aramco SmartCity” a “UK Sunderland” waren déi zwee aner Finalisten zu Barcelona.
Héichwaasser-Monitoring, Meteosstatiounen, Digitaliséierung vun den Haiser. Dorëms geet et am Projet, deen de Steven Macedo agereecht huet.
“Smart ass fir mech net, dass ech nach ëmmer selwer muss kontrolléieren. Smart ass, dass ech duerch e Reegelwierk oder eng KI kann automatiséiert Saache maachen, ouni dass do eng Persoun muss hannendru stoen. Dat huet de Jury immens impressionéiert. An eben och, well mir scho konnte reell agräifen an Héichwaassersituatiounen”. Der Gemeng Hesper huet de Steven Macedo no der Héichwaasserkatastroph vun 2021 gehollef, Léisungen ze fannen.

Zwee bis dräi grouss Projete sinn an der Pipeline no Barcelona. “Mir hunn e KI-Energieberoder gebaut, deen den Ament zu Stadbriedemes am Test ass. Dëst ass eng Gemeng, déi ëmmer bereet ass, als Testkandidat hierzehalen.”, sou nach de Finalist zu Barcelona. Mëttlerweil hätte sech awer och schonn eng Partie aner Gemenge gemellt fir matzemaachen.
“Mat der Stad Lëtzebuerg hu mir de Projet, wou et em Waasserfuitendetektioun geet”, Dat wëll de Lëtzebuerger deemnächst annoncéieren.
City Award: Roum, Italien
Innovation Award: Together Center, Redmond, WA, USA
Leadership Award: Maimunah Binti Mohd Sharif - Buergermeeschtesch vu Kuala Lumpur, Malaysia
Special Recognition Award: Lluís Gómez, fréieren Direkter vum Smart City Expo World Congress
Green Exhibitor Award: Tschechesch Republik, Ministère fir Industrie an Handel
Enabling Technologies Award: Aramco Smart Cities, Saudi-Arabien
Energy & Environment Award: D’Volleksregierung vu Guangzhou, China
Mobility Award: Seongnam Stad, Korea
Infrastructure & Building Award: Housing & Development Board, Singapur
Governance & Economy Award: Kenniscentrum Vlaamse Steden, Bréissel, Belsch
Living & Inclusion Award: Teto Brasilien, São Paulo, Brasilien